Dir sicht eng gutt regional Kichen?De Bistro-Restaurant "bei de Bouwen" am Pafendall

Direkt beim Lift!

Wann der op der Sich sidd no enger gemittlecher Plaz fir e Patt ze huelen oder gutt regional z’iessen, da sidd Dir « bei de Bouwen » genee richteg. Esou heescht nämlech de Bistro-Restaurant am Pafendall, direkt beim Lift, mat enger traditioneller Lëtzebuerger Kichen. Vu Méindes bis Freides kritt Dir « bei de Bouwen » Mëttes e Menu du Jour oder e Plat vun der Kaart. An Owes gëtt et fir déi Hongereg, bei engem gudde Patt, och verschidde Klengegkeeten an engem familiäre Kader. Samschdes Owes kënnt dir an der Mezzanine Plaz huele fir à la carte oder e Weekends-Menü ze genéissen. Donieft weisen d‘Bouwen och all déi wichteg Fussballs-Matcher, wéi Championsleague an d’Bundesliga, an op Ufro kënnt dir hei och gär är Familljefester feieren. De Bistro-Restaurant « bei de Bouwen », am Pafendall, direkt beim Lift, op www.beidebouwen.lu an op Facebook.

RTL-Business 3.3.2017 13h10