Eng Immobilie-Berodung op Mooss:RE/MAX Forum - Äere Vertrauenspartner zanter 1991!

Op Nummer 186 an der Longécher Strooss an der Stad

RE/MAX Forum gehéiert zu den 13 Agence vum RE/MAX-Réseau hei zu Lëtzebuerg. Dat sinn am Ganzen 120 Beroder, déi fir Iech do sinn, wann Dir en Haus, en Appartement, e Gebei, en Terrain oder eng Garage wëllt kafen oder verkafen, lounen oder verlounen. RE/MAX Forum um Belair an der Stad geet do nei Wéer par rapport zum traditionnellen Immobiliegeschäft. Si schaffen Iech e Marketing-Plang op Mooss aus fir den Immeuble esou séier ewéi méiglech an zum beschte Präis ze verkafen. Si sinn Äere Vertrauenspartner zanter 1991 a sinn och spezialiséiert am VEFA, der « Vente en état de futur achèvement » a begleeden Iech an allen Etapen vun der Vente oder der Locatioun, mat iwwer 750 Mandanten an hierem Portefeuille. Mat RE/MAX Forum investéiert Dir an en Haus oder Appartement, wat iwwer Generatiounen erhale bleift a sicht Iech Är nei Acquisitioun op Mooss eraus. A wann Dir wëllt wëssen, wat Äert Haus, Appartement oder Äeren Terrain wäert ass, da maache si dat gratis fir Iech. Rufft einfach u vu Méindes bis Freides tëscht 9h00 a 18h00 oder Samsdes op Rendez-vous um 26 11 3 11 oder sprangt bis eran op Nummer 186 an der Longécher Strooss an der Stad, wou Dir an 9 verschiddene Sprooche berode gitt.

RTL-Business 3.3.2017 13h10