Vum 7. bis den 18. MäerzGrouss Fréijoërs-Wäifoire am Cora Concorde zu Bartréng

Entdeckt am Ganzen iwwer 500 Referenzen aus aller Welt!

Nächsten Dënschdeg 7. Mäerz fänkt déi grouss Fréijoërs-Wäifoire am Cora Concorde zu Bartréng un. An hierem "Guide des Vins" entdeckt Dir do nach bis ë Samsdeg 18. Mäerz op 24 Säiten 280 verschidde Referenzen, niewt aneren 220 am Geschäft. Vum Präis hier ass fir jiddereen eppes derbei: d’Forchette geet vun 2€25 fir e portugiseschen Alentejano Terras del Rei bis zu engem Pessac-Léognan Château Haut-Brion fir 819 €. Dir fand och 50 Referenzen am Schampes, 200 Wäiner vu Bordeaux vun 1995 bis 2014, eng Verticale vu Lalande de Pomerol Château de Chambrun, 80 Wäiner aus der Vallée du Rhône, 65 aus dem Languedoc-Roussillon, aal Millésimen vu Banyuls a Rivesaltes a 70 Wäiner aus aller Welt. Bei deene stinn dest Joer déi däitsch, éisterräichesch, australesch a libanesesch Wäiner besonnesch am Focus. Bei der Degustatioun stinn Iech d‘Sommelieren vum Cora Concorde mat Root an Doot zuer Säit. All Commande iwwer 490 € an engem Rayon vun 30km ronderëm d'Concorde gëtt iwwregens gratis heem geliwwert. E Méindeg 6.3. ass och neess déi traditionnell Soirée d'Inauguration op Réservatioun, wou Dir vun 20h30 un net manner ewéi 275 Wäiner op 42 Stänn kënnt schmaachen a wou och Wënzer präsent sinn. Bei all Kaf vun 150 € kritt Dir do eng Remise vu 15 €. D'Detailler vun der Fréijoërs-Wäifoire am Cora Concorde op der Longécher Strooss zu Bartréng, grad esou wéi hiere "Guide des Vins" fand Dir och op www.cora.lu.

RTL-Business 3.3.2017 13h10