Enjoy Shopping!Fashion Days am Shopping Center Massen

flott Animatiounen an Aktiounen ronderem d'Moud

Ganz nom Motto Massen Enjoy Shopping, sinn elo dëse Weekend d’Fashion Days am Shopping Center Massen op der Wemperhardt.

An der Galerie erwaarden eis vill Animatiounen an Aktiounen ronderem d’Moud, Trends a Beauty. Hei kënne mer déi nei Fashion Highlights an d’Must Haves fir d’Fréijoer entdecken, op Faarwen, mat Blummen, mat Streifen oder karéiert, schëllerfräi oder Oversized, mat den Accessoiren, Bijouxen a Poschen déi dobäi passen.

Alles wat ugesoot ass, fir Dammen an Hären fanne mer op de Fashion Days am Shopping Center Maassen. An dann ginn och nach Shopping Queens gesicht, wou 3 Kandidatinnen sech ganz nei kennen akleeden an 1000 Euro kenne gewannen.

Méi Infoen ginn et op www.massen.lu/shoppingqueen.

10/03/2017 Business