Dese Samsdeg 18.3. a Sonndeg 19.3.:Grouss Summer-Porte Ouverte bei Déco Jardin um Rouscht

Entdeckt déi nei Griller a Gaardemiwwel

Deco Jardin um Rouscht fängt dëse Weekend d’Summersaison 2017 u mat enger grousser Porte ouverte. Bei hinne fand dir eng immens grouss Auswiel u Gaardemiwwel, sief et eng flott Lounge am Aluminium oder Geflecht, mat Outdoorkëssen équipéiert, e praktëschen Dësch fir erauszezéien mat enger Keramikplaque oder e schéine Sonneprabeli. Och Holz, mat Aluminium combinéiert, läit voll am Trend fir des Saison. An hierer Expo profitéiert Dir vun enetleche Promotiounen, déi all op Stock sinn an op Wonsch direkt kënne geliwwert ginn. Ganz interessant ass och hir Grillvirféierung vun der beschtbekannter Mark Napoleon, dese Samsdeg 18.3. a Sonndeg 19.3. Hei kritt Dir allerlee Tipps an Tricke vum Grillmeeschter Carsten Hey ronderem d’Grillen, dir kënnt Fingerfood schmaachen an Iech d’Gasgriller vun Napoleon am Detail erkläre loossen. D’Personal vun Deco Jardin um Rouscht leet vill Wäert op eng gutt Berodung an d’Liwwerung vun de Gaardemiwel ass gratis. Et lount sech also bestemmt dese Samsdeg 18.3. a Sonndeg 19.3. um Rouscht laanscht ze goen an Iech iwer all des flott Affären ze informéieren. E Samsdeg ass riicht duerch op vun 9.00 bis 18.00 Auer an e Sonndeg vun 14.00 bis 18.00. Fir weider Detailer kuckt einfach op www.deco-jardin.lu oder rufft un um 85 80 12.

RTL-Business 15.3.2017 13h10