Excellent Wäiner! Een absolute Coup de Coeur!Il Borraccio och dëst Joer nees op der "Springbreak"

kommt excellent Wäiner aus der Toscana geschmaachen, vun engem lëtzebuerger Wënzer

Dës Woch gi mir bis op d’Springbreak lussen. Well genau do fanne mer de Cedric Meyer, deen hannert Il Borraccio stecht.

A mir schwätzen iwwert italienesche Wäin vun engem lëtzebuerger Wënzer. A wat fir e Wäin! Deen muss dir onbedingt emol probéieren, an och de Cedric Meyer selwer emol kennenléieren.

Zanter 2002 produzéiert hien herrleche Wäin an Olivenueleg zu San Gimignano an der Toskana. An déi stellt hien elo dës Woch op der Springbreak an der Luxexpo fir, um Stand 8A76.

Probéiert och dir säin héichwäertegen rouden a wäisse Wäin, esou wéi och Rosé an Olivenueleg, a schmaacht e Stéck Toskana. Il Borraccio. Op der Springbreak an der Hal 8A um Stand 76 an och op www.ilborraccio.com.