Nei Adress fir de Glacismaart: Place Laurent a Parking virun der Victor Hugo HalE Sonndeg ass grouss Ouverture

E Sonndeg ass deen éischte Glacismaart mat der Ouverture um 11 Auer wou der alleguer häerzlech invitéiert sitt.

De Glacismaart ass wéi all Joer den 3.Sonndeg am Mount, mee dëst Joer ass de Maart veréckelt op de Parking vun der Victor Hugo Haal an op d’Place Laurent.Parken kënnt der um Glacis.D’Stänn sinn all do wéi dir dat gewinnt sitt.De Wochemaart um Knuedler ass och wéi gewinnt Mëttwochs a Samschdes Moies vu 7 bis 2 Auer.Dir fannt Blummen, frësch Zaloten, Uebst a Geméis, Fësch, Eeeër, Crèmerie, Fleesch, Pâtisserie, Brout, Hunneg, Oliven, Nuddelen, Kräider, e gudde gebrodene Poulet a Geméisplanzen.

Ouschteren deelen d’Maartleit 10000 Eeeër op de verschiddene Mäert am Land aus.Op der Paräisser Plaz ass Mëttwochs a Samschdes Maart, zu Bouneweg Mëttwochs Moies an de neie Maart um Kierchbierg ass Dënschdes Nomëttes.

http://www.maart.lu/