Grouss Ouverture vum 12. bis de 14. JanuarEntdeckt deen neien Zenter „Activité Lënsterbierg“

8 renomméiert Geschäfter a Betriber zesummen ënnert engem Daach

Dese Weekend geet deen neien Zenter „Activité Lënsterbierg“ op an dat gëtt bis e Sonndeg 14.1. zu Jonglënster esou richteg gefeiert! „Activité Lënsterbierg“ – dat sinn 8 renomméiert Geschäfter a Betriber zesummen ënnert engem Daach: d‘Küchen Galerie, Carrelages Design Schäfer, Schlien Heizung, Sanitär a Solar, Glasaspekt, Ihr Schreiner, Peinture Robling, Electricité Générale Pierre Wampach, d‘Vinothéik Domaine de Mujolan an och geschwënn de Restaurant V8, deen de 24. Februar opgeet. Op 4.500m2 fand Dir elo an der „Activité Lënsterbierg“ alles fir ze bauen, ëmzebauen, ze renovéieren, fir d‘Kichen, de Sanitärberäich, de Wellness, de Schräiner, den Elektriker, de Moler, Experte fir all Arbechten am Glas a fir Iech et bei engem gudde Patt Wäin gutt goen ze loossen. Entdeckt also dese Weekend deen neien Center “Activité Lënsterbierg”, vis-à-vis vun den RTL Antennen zu Jonglënster!

RTL-Business 12.1.2018 13h15