Vum Freideg 12.1. bis e Sonndeg 14.1.27. Salon "Vakanz" an der Luxexpo The Box

17.000 m² Vakanzefeeling pur

Vum Freideg 12.1. bis e Sonndeg 14.1. ass déi 27. Editioun vum Salon „Vakanz“ an der Luxexpo The Box. Dat sinn nees 3 faarweg Deeg – déi ideal Plateforme fir Är Vakanze fir dest Joer ze plangen a, firwat net, och direkt ze buchen. D’Offer geet nees queesch duerch de Gaart: vum Naturerliefnes an den nordësche Länner, iwwer eng Wüstesafari an Nordafrika, e City-Trip oder eng Plagevakanz am wäisse Sand… alles kritt een hei op enger Plaz an dat vun engem Mix vun Austeller: vum Reesbüro an den Tour-Operatoren, den Hotellen, de Reedereien an de Fluggesellschaften. Déi ganz Lëscht fand Dir op expovakanz.lu. An dann ass bis e Sonndeg 14.1. och nees fir ganz vill Animatioun gesuergt: déi virtuell Realitéit spillt do eng grouss Roll. Si hëlleft Iech direkt an Är Vakanz anzedauchen. Da gëtt et och Ebove op der Vakanz – dat ass eng eemoleg Erfarung mam Mountainbike an da gëtt et och nach e spektakuläre Flugsimulator. D’Vakanz 2018, dat si 17.000 m² Vakanzefeeling pur an eng kulinaresch Offer vum Allerfeinsten: sief et an der Sky Lounge mat XXL-Panorama-Vue, am Beach-Club mat der passender Ambiance oder am Mountain Chalet, an deem Dir mengt, Dir wiert an der Skivakanz. An dann hu mer nach guer net vun deene sellëche Gewënnspiller, den Tombolaen, der Afterwork-Party vun haut den Owend, de Klotermaueren, den Hoverboards an de Segwayen geschwat! Iwwerzeegt Iech am Beschte selwer, dese Freideg 12.1. vun 14h00 bis 21h00, e Samsdeg 13.1. an e Sonndeg 14.1. all Kéier vun 10.00 bis 19.00 Auer!

RTL-Business 12.1.2018 13h15