Vum 31. Januar bis de 3. Februar an der Luxexpo um Kierchbierg:Salon des Vins de Bordeaux et Nouvelle-Aquitaine

Mat gratis Degustatioun vun de beschte Wäiner aus der Regioun Bordeaux an der Ëmgéigend.

Vum 31. Januar bis de 3. Februar dréit sech an der Luxexpo um Kierchbierg nees alles ronderëm déi beschte Wäiner aus der Regioun Bordeaux an der Emgéigend. De Rendez-vous fir Wënzer, Professioneller Gastronomen a jiddereen dee nei Wäiner entdecke wëll.

Léiert déi verschidde Wënzer a Wäiner kennen, schmaacht déi beschte Cruen a kaaft äre Coup de Cœur direkt op der Plaz.

Verpasst och net den 31. Januar den Afterwork vun Owes 6 bis 10 ! Verbréngt hei e flotten Owend ënner Frënn an Aarbechtskollegen a schmaacht d’Produiten aus der Regioun !

Rendez-Vous um Salon du Vin vun den onofhängege Wënzer aus der Regioun Nei-Aquitaine, vum 31. Januar bis den 3. Februar an der Luxexpo um Kierchbierg.

Kuckt och op www.vigneron-independant-aquitaine.com