Optakt vun de SoldenDese Freideg 29.6. Nocturne bis 21.00 an der Stad Lëtzebuerg!

Profitéiert vun de super Konditioune bis den 28. Juli

Haut um Freideg 29.6. fänken d’Solden un. A fir um éischten Dag esou richteg vun deene spezielle Remisen ze profitéieren, sinn déi meescht Geschäfter an der Stad Lëtzebuerg bis 21.00 Auer op. A bei deem herrleche Wieder ass och dese Sonndeg 1. Juli nomëttes e sonnege Shopping méiglech: vun 14.00 bis 18.00 sinn d’Geschäfter da fir Iech op!

Verpasst also op kee Fall den Optakt vun de Solden, während deenen d’Geschäftsleit aus der Stad Iech nach bis den 28. Juli super Conditioune proposéieren. All weider Informatioune fand Dir op cityshopping.lu.

RTL-Business 29.6.2018 13h20