Dëse Samsdeg 30.6. an e Sonndeg 1.7.32. „American Car Festival“ zu Stadbriedemes

Organiséiert vun den American Roadrunners

Dëse Samsdeg 30.6. an e Sonndeg 1.7. ass déi 32. Editioun vum „American Car Festival“. Des grouss Party mat Live-Bands gëtt organiséiert vun den American Roadrunners bei der Schleis zu Stadbriedemes. Um Mega-Event mat iwwer 700 amerikaneschen Autoen, e.a. vun US-Car Imports vu Reisduerf, Motorrieder, dorënner natierlech eng ganz Rei Harley-Davidson, Ersatzstécker, American-Food, Kleeder an Dekoratioun gin eng 3.500 Visiteuren erward. Dese Freideg 29.6. ass de Site op vun 14.00 Auer un. E Samsdeg 30.6. sinn dann owes vun 20.00 Auer un 2 Concerten mat der Lëtzebuerger Rockband “Gaasserock Blues Band” an “Dan Cash feat. Sandy & the Wombats” an e Sonndeg 1.7. ass dee grousse Convoy Cruising vun 10.00 bis 11.15 mat ongeféier 60 Gefierer, good vibrations a V8-Sound. Weider Infoen zum Festival an zum Virverkaaf fannt dir op arl.lu an op facebook.

RTL-Business 29.6.2018 13h20