E ronne Gebuertsdag:Immotop.lu feiert dësen Hierscht seng 10 Joer

Immotop.lu huet 2008 bei 0 ugefaangen an ass haut de Leader wann et em d‘Unzuel vun Annoncen a vun Agencen an der Groussregioun geet. Donieft huet Immotop am Januar 2017 eng nei Versioun vun hirem Site am responsive Design lancéiert, déi et den User erlaabt zu all Moment an op all Ecran hier zukünfteg Wunneng ze sichen. Duerch e Partenariat mat LALUX Assurances a verschiddene Banke kënnt dir och ganz einfach är Mensualitéit um Immobilie-Prêt ausrechnen. A fir d’Sichen ze vereinfachen, kënnt dir och einfach verschidde Filteren oder Stéchwierder aginn, op enger Kaart uklicke wou dir siche wëllt oder Iech aschreiwe fir eng Alerte iwwer Email ze kréien esou bal eng nei Offer um Marché ass.