Ujet, dee neien elektreschen Scootersponsored by BIL

den intelligente Scooter

E neie Scooter ass deen éischten high-tech elektresche Scooter op der Welt.Dank dem Finanzement vun der BIL konnt aus dëser Iddi Wierklechkeet ginn..Den Ujet ass d’Resultat vun enger Equippe vun Technologieexperten, Materialwëssenschaftler, Ingenieuren an Designer fir d’Mobilitéit an der Stad nei ze erfannen.Den Ujet ass an Däitschland entwéckelt an hei zu Lëtzebuerg fabrizéiert ginn.

Technik um héchste Stand.

D’Virdeeler vum Ujet sinn déi fortgeschridden Technologien.Ujet-Begeeschterer kënnen den Elektroscooter sécher iwwert eng speziell Uwendung un iOS oder Android steieren.

Benotzer kënnen de Scooter geolokaliséieren an Informatiounen mat Famill, Frënn oder soss Persounen deelen.Den Ujet Scooter verfüügt iwwert méi wéi 30 Sensoren an en dedizéierten Bordcomputer deen eng vollstänneg Verbindung mam Smartphone a mat der Cloud vum Benotzer erméiglecht.

Den Akku kann ee mathuelen fir un eng Luetstatioun unzeschléissen.Den Ujet kann een a 6 Faarwen kréien.

D’BIL ënnerstëtzt mat engem InnovFin Prêt fir d’Vermaachtungsphase ze erliichteren.

Den Ujet ass a verschiddenen europäeschen Stied an der Aféierungsphase a gëtt Enn vun dësem Joer um Paräisser Maart ‘Le bon marché’ fir d’éischt op de Marché bruecht.

Et si geplangt 30000 Scooter pro Joer ze produzéieren.Bis 2019 suergt dëse Scooter  datt manner Stau a manner Verschmotzung an de Stied sinn.

150 Kilometer kann ee mat voller Batterie maachen an zu Lëtzebuerg ass fir 9890€ ze kréien.

14/11/2018 Business