Grouss Ouverture vun engem skandinavesche Concept Store:VITRIN an der neier Extensioun vun der City Concorde zu Bartreng.

Um Donneschden huet den éischte skandinavesche Concept Store zu Lëtzebuerg seng Dieren opgemaach.

An der VITRIN fannt dir Prêt-à-Porter fir Fraen a Männer vun HoneyMustard, deen iwwregens och en eegenen Online Store huet, Miwwelen an interior Design vu Reed and Simon, Kannerkleedung vun DeeDee,a mattendran e sympathesche Café fir d’Ambiance ze genéissen.

Entdeckt VITRIN an der neier Extensioun vun der City Concorde zu Bartreng. E puer éischt Impressioune ginn et och elo schonn op instagram.