De Groupe Steffen huet elo eng weider Adress zu Lëtzebuerg:Le Quai Steffen op der Stater Gare

De bekannte Familljebetrib Groupe Steffen huet lescht Woch en Espace Traiteur mam Numm Le Quai Steffen op der Stater Gare opgemaach, wou et allméiglech Snacks a Platen ginn, esou wéi kal a waarm Gedrénks. Dës kann een entweder mathuelen oder an engem modernen awer zugläich gemittleche Kader op der Plaz genéissen.

Ufank 2019 soll dann den zweeten Deel vum Le Quai Steffen op der Stater Gare opgoe mat engem Restaurant deen sech un Touristen, ma och un d’Awunner aus der Emgeigend an d’Leit déi do schaffen adresséiert.

Le Quai Steffen leet vill Wäert op lokal Produiten, an esouwuel d’Platen ewéi d’Snacks ginn ëmmer frësch zoubereet. De Quai Steffen ass 7 Deeg op 7 op, déi genee Auerzäite fannt der och op lequaisteffen.lu.

30/11/2018 Business