Grouss Ouverture:Den neie Cactus Marché Ettelbréck

De Cactus Marché Ettelbréck ass zeréck an zwar am fréiere Gebai vum Monopol op der Marie-Adelaïde Plaz zu Ettelbréck.

Domadder ginn et elo ganzer 9 Cactus Marchéen am Land an insgesamt 52 Cactus Geschäfter am Grand-Duché. Wéi mer et vu Cactus gewinnt sinn, gëtt och am neie Cactus Marché zu Ettelbréck vill Wäert op d’Proximitéit an de Service um Client geluecht an natierlech op frësch a lokal Produiten.

Ganz nei sinn hier semi-automatesch Keesen, eng méi hygienesch an einfach Léisung fir de Clienten hiert Boergeld entgéint ze huelen, ouni awer op de Kontakt mam Personal ze verzichten.

Eng Equipe vun 32 Leit begréisst Iech 7 Deeg op 7, Méindes bis Samschdes ëmmer vu moies hallwer 8 bis owes 7, a Sonndes vu moies 8 bis mëttes 1 Auer.

A wéi mer et vum Cactus gewinnt sinn, gouf et fir d’Ouverture nees e klenge Cactus als Kaddo an nach bis den 2.Dezember 10 % op allen Akeef. 

30/11/2018 Business