Bei Corniche Bijoux am Centre Brasseur an der StadÄre Kado fir d'Feierdeeg: e Bijou op Mooss vum Martine Schmit!

Elo am Dezember ass d’Martine Schmit och Sonndes a Méindes nomëttes vun 14.00 bis 18.00 fir Iech do.

Wann Dir nach no engem originelle Kado sicht, da sidd Dir bei Corniche Bijoux am Centre Brasseur an der Groussgaass an der Stad op der richteger Adress. D’Martine Schmit entwërft do mat hiere Goldschmatten eenzegaarteg an originell Bijouen aus Gold, Sëlwer an Edelsteng, déi si Iech op Mooss an no Äerem Goût a Bugdet ka maachen. Si schafft e.a. och mat Fair-Trade-Gold a kann Iech och Äer aal Bijouen aschmëlzen an doraus e fonkelneie maachen. Dir kënnt déi dann direkt am Atelier uprobéieren. Corniche Bijoux mécht och méi spezifesch Bijouen wéi Verlobungsréng, Alliancen oder Daafketten, déi hier Equipe am Atelier iwwer dem Geschäft niewt dem Kapuzinertheater individuell a fir all Budget gestalt. Elo am Dezember ass d’Martine Schmit och Sonndes a Méindes nomëttes vun 14.00 bis 18.00 fir Iech do. Inspiréiert Iech op martineschmit.lu an e Kadosbong fir d’Feierdeeg vu Corniche Bijoux kënnt och ëmmer gutt un!

05/12/2018 Business 13h20