Deen neie, moderne Kino am Centre sociétaire „Duerfcenter Koler“De Kinoler ass op!

5 Séance pro Woch mat ultra-komfortabele Sëtzer an Dolby Atmos

De „Kinoler“ am neie Centre sociétaire „Duerfcenter Koler“ ass elo op. Mat 46 Plazen ass de Kino am Komplex op Nummer 38 op der Haaptstrooss, hanner der fréierer Schoul zu Koler, wuel dee Klengsten am Land, mee duerfir awer och dee Modernsten, mat ultra-komfortabele Sëtzer an de Sall ass équipéiert mat Dolby Atmos. Dat klengt Lëtzebuerger Duerf deet also vu sech schwätzen. Ugefaang huet dat Ganzt mam Graffiti-Kënschtler Alain Welter sengem Projet “Make Koler cooler”, deen och elo d’Entrée vum neie Kino mat engem Wierk verschéinert huet. De Kinoler, dee vu fräiwëllege Bierger, der Asbl "Koler Bierger" geréiert gëtt, ass elo déi nächst Etape. Den aktuelle Programm mat de 6 Filmer pro Woch, vu mëttwochs bis sonndes, fand Dir op kinoler.lu an op Facebook.

05/12/2018 Business 13h20