Frësche Wand am HandballAXA Lëtzebuerg neie Sponsor fir d'FLH

Matcher ginn an der AXA League gespillt

AXA Lëtzebuerg setzt sech weiderhin a fir d’Lëtzebuerger Sportswelt, an ass zanter dës Woch den offizielle Partner vun der  Lëtzebuerger Handball Federatioun.

Mat bal 3000 Lizenzen, verdeelt iwwert 14 Veräiner, ass et eng vun de wichtegste Federatiounen am Land. D’AXA engagéiert sech als Partner fir déi nächst 3 Saisonen, wou d’Matcher dann an der AXA League gespillt ginn.

De Logo vun der AXA League, an déi nei Trikote vun den Nationalequippe gi wärend dem EUR0 2022 Qualifikatiounstournoi bei den Häre presentéiert, dee vum 11 bis den 13 Januar an der Coque stattfënnt.

07/12/2018 Business