D'Summerbrochure an de Fly Away 2019Déi nei Kataloge vun Demy Schandeler sinn do!

Huelt Iech se an hiere 4 Reesbüroen!

Vill vun Iech dreeme bestëmmt och scho vun der nächster Vakanz an do trëfft et sech gutt dass elo déi nei Brochure vun Demy Schandeler do sinn. Am Summerkatalog sinn déi Kéier nët manner wéi 11 Destinatiounen, déi als Kombirees proposéiert ginn, wou een also fir dohinn oder fir zeréck Bus oder Fliger ka wielen. Hei geet d’Rees e.a. an d’Baskeland oder an déi italienesch Puglien. Da ginn och eng Rei vu Circuiten proposéiert, sief et duerch Schottland, Schweden, Finnland a Russland! 2019 ass dann awer och d’Joer, an deem Demy Schandeler säi 70. feiert. Déi 2 Gebuertsdagscroisière ginn an Island – déi ass schonn ausverkaft – an op de Rhône. Niewt dem Summerkatalog mat de Busreesen huet Demy Schandeler awer och d’Fly Away-Brochure mat der Luxair neess nei opgeluegt. Déi Kéier sinn et 13 Destinatiounen, mat e.a. 4 Deeg Lissabon fir nëmme 418 €. Nei am Programm ass déi Kéier och Bari am Juni. Huelt Iech hier Brochuren an deene 4 Agencen zu Keespelt, um Mierscherbierg, an der Stad oder zu Esch oder surft op www.demy.lu.

RTL-Business 28.12.2018 13h20