Vum 31. Januar bis de 3. Februar an der Luxexpo um Kierchbierg: Salon des vins de Bordeaux et Nouvelle-Aquitaine

Vum 31. Januar bis de 3. Februar dréit sech an der Luxexpo um Kierchbierg nees alles ronderëm déi beschte Wäiner aus der Regioun Bordeaux an der Emgeigend.

De Salon du Vin vun den onofhängege Wënzer aus der Regioun Nei-Aquitaine ass de Rendez-vous fir Wënzer, Professioneller, Gastronomen a jiddereen dee nei Wäiner entdecke wëll.

Léiert déi verschidde Wënzer a Wäiner kennen, schmaacht déi beschte Cruen a kaaft äre Coup de Cœur direkt op der Plaz. Verpasst och net den 31. Januar den Afterwork vun Owes 6 bis 10 !

Verbréngt hei e flotten Owend ënner Frënn an Aarbechtskollegen a schmaacht d’Produiten aus der Regioun ! 

25/01/2019 Business