Fannt de Lycée dee bei Äert Kand passt op Besicht déi grouss Schoulfoire zu Ettelbréck

D'Zukunft ass elo

Äert Kand ass am Cycle 4? Dann ass elo de Moment erauszefanne wou a wéi et am beschten an de Secondaire kënnt?

Duerfir invitéieren iech d’Lycéeën aus der Nordstad dëse Samschdeg vun 9 Auer Moies bis hallwer 1 Mëttes op déi zweet Editioun vun der Schoulfoire an der Däichhal zu Ettelbréck.

An engem flotten an informelle Kader kréien d’Kanner de Lycée Classique vun Dikrech, de Nordstadlycée, de Lycée Technique vun Ettelbréck, de Lycée Technique Agricole an d’Ecole Privée Sainte-Anne vu méi No gewisen.

Fir Iessen a Drénken ass natierlech gesuergt. An donieft ginn och nach flott Animatioune gebueden.

D’Schoulfoire vun den Nordstadlycéeën. Dëse Samschden an der Däichhal zu Ettelbréck.