Nach bis den 10. Februar:CNI Les Thermes zu Stroossen feiert 10 Joer

Virun 10 Joer huet CNI Les Thermes seng Dieren opgemaach. Fir de ronne Gebuertsdag erwaarden Iech vill Iwwerraschungen an dat nach bis den 10. Februar.

E Mëttwoch gëtt et zum Beispill ënnert dem Motto Tchin Tchin eng Coupe gratis no de Couren, en Donneschden ass en Nomëtte fir d’Famill virgesi mat gratis Entrée fir d'Kanner bis 9 Joer, e Freideg ass Senioren-Dag mat gratis Entrée ab 60 Joer, de Samschden ass de ganze Nomëtten Animatioun fir Kanner mat Iwwerraschungen, a Sonndes um leschten Dag steet vu moies 9 bis mëttes 1 Auer Aqua-Gym fir jiddereen um Programm.

Also wierklech e flotte Programm fir d'ganz Famill an dee fannt der och nach emol ënner lesthermes.net. 

A mir wënsche CNI Les Thermes dann op dëser Plaz och nach eng Kéier alles Guddes fir de ronne Gebuertsdag.

06/02/2019 Business