Zanter dem 1. Abrëll a bis den 31. OktoberDe Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher ass neess op!

Entdeckt deen tropesche Gaart mat sengen honnerte vun exotesche Päiperleke

De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher ass zanter e Mëttwoch 1. Abrëll neess op. Dat ass jo déi ideal Plaz fir d'Frënn vun der Natur an hiere Schéinheeten. Den tropesche Gaart, mat sengen honnerte vun exotesche Päiperleke an der Wäistad Gréiwemaacher, lued op enger Fläch vu méi wéi 600m2 zu engem Spadséiergang an. Mat enger konstanter Temperatur vu 27 Grad an enger Loftfiichtegkeet vu 70% ass den tropesche Gaart eng paradiesesch Insel fir Päiperleken aus der ganzer Welt. Dank dem tropesche Klima liewen och vill chinesesch Zwergwachtelen, e Chamäleon, Deckelsmouken, Vigel an e Beievollek am Päiperleksgaart. D'Yolande Coop, Member vum soziale Netzwierk vun den elisabeth Ariichtungen, huet zanter 2011 d’Geschäftsféierung vum Päiperleksgaart. Deen ass domat en Atelier protégé a beschäftegt aktuell am Gaart, am Verkaf an  an der Brasserie 6 Leit mat engem geeschtegen Handicap. Zanter 2013 ass de Päiperleksgaart och ganz nei, mat enger neier Façade an d'Receptioun an de Verkafsberäich si komplett renovéiert a vergréissert ginn. Am Buttek ginn niewt de päiperleksbezugenen Artikelen och Produiten aus hieren Ateliers protégés a vu Sozial Affair verkaft. Déi Kleng kënnen am Päiperleksgaart och hire Gebuertsdag feieren. De Päiperleksgaart ass all Dag op bis den 31. Oktober, um Weekend an op Feierdeeg. De Buttek an d'Brasserie sinn dat ganzt Joer iwwer op. Méi Infoe fann Dir op www.schmetterling.lu an och op www.yolandecoop.lu.

Business RTL 3.4.2015 13.15