D'Fortsetzung vun der beléiwter App ass elo do:"Game of roads Experience" vun der Bâloise

Déi bescht Method fir säi Fuerstil spilleresch ze verbesseren!

Op de "Luxembourg Marketers Awards" ass "Game of roads" vun der Bâloise als bescht App 2015 priméiert ginn, duerno krut se och nach den 1. Präis vu "Mind & Market". An elo ass se neess do, an nach besser. D'Fortsetzung heescht "Game of Roads Experience" an ass déi bescht Method fir säi Fuerstil spilleresch ze verbesseren. Doniewt ass et fir d'Bâloise eng gutt Art a Weis fir hiert Verspriechen "Mir maachen Iech méi sécher" ze verwierklechen. Dat Thema läit der Assurance um Häerz a gëtt duerch de Partenariat mat der Police nach verstäerkt. "Game of Roads Experience" ass an der neier Versioun nach méi zouverlässeg, nach méi op Fuersécherheet aus, méi komplett, pädagogesch, Community-frëndlech a bitt nach méi Spaass! Als Rookie, Pro, mam Quiz oder iwwer de Wee vu Missioune ka jidderee säi Fuerstil spilleresch verbesseren (zum Beispill duerch defensiv Conduite, douce bremsen, lues ufueren a wann een sech iwerall un d'Vitesse-Limitatiounen hält) an esou eng ganz Rëtsch vu flotte Präisser gewannen. "Game of Roads Experience" ass awer och méi wéi eng App: et ass och e weidere Schrëtt an der Digitaliséierung vun der Versécherungsbranche. Aus desem Grond huet d'Bâloise dann och hier gutt Zesummenarbécht mat der innovativer Start-up Motion-S weidergefouert, fir d'Wënsch vum Client vu muer ze erfëllen. Fir méi Detailler, surft op www.gameofroads.lu.

RTL-Business 17.6.2016 13h15