En neie Logo an en neit Kleed fir d'Geschäft zu StengefortMaison Steffen new look!

Den neie Slogan vun der Metzlerei ass elo „Maison Steffen – artisans bouchers“

D’Maison Steffen vu Stengefort krut en neie Look. An dat mat engem neie Logo an anengems krut hiert Stammhaus en neit Kleed. Fänke mir emol mam Logo un: an deem heescht et elo „Maison Steffen – artisans bouchers“, mat 2 gekräizte Messeren uewen driwwer. E modernen awer och ganz einfach gehaalene Logo an deen esou d’Traditioun, d’Qualitéit an d’ADN vun der Maison Steffen soll duerstellen. De Slogan „Votre boucherie-charcuterie“ mécht also Plaz fir „artisans bouchers“, deen der Gesamtphilosophie vun den „artisans du bonheur“ vum Groupe Steffen entsprécht. Hier éischt Metzlerei zu Sténgefort haat dann och schon 30 Joer um Bockel. Hei wollt d’Marketing-Equipe vun der Maison Steffen déi excellent Produkter an de Service vun der ganzer Equipe nach an e bessert Liicht stellen an et muss ee soen: dat ass hinne gelong! D’Haamen, d’Zoossissen, d’Charcuterie an d’Dry-aged-Fleesch sinn elo nach besser an Szen gesat – déi generéis Théik mécht direkt Appetit op déi sëllechen hausmaacher Produkten an den Intérieur ass e Mix aus modernen Elementer, gemëscht mat deenen aus Holz a Stol aus der gudder Metzlerei vu fréier, déi un déi Zäit erënneren, aus där d’Famill Steffen hierkënnt! De Frank Steffen, seng Kanner a seng Equipe fréen sech op Äere Besuch an Dir wäert secher begeeschtert sinn vum neie Geschäft zu Stengefort op Nummer 8 op der Areler Strooss.

RTL-Business 19.10.2017 14h30