Nach bis Dräikinnegsdag, de 6. Januar 2018De Chalet du Cercle op der Plëss bleift op!

Genéisst do och weiderhin déi beléiftste Platen aus den Alpelänner am gemittlechen Holzchalet

De Chalet du Cercle op der Plëss ass och elo no de Feierdeeg nach fir Iech op. Iwwer de Krëschtmaart eraus kënnt dir also do och weiderhin déi beléiftste Platen aus den Alpelänner am gemittlechen Holzchalet genéissen. Schmaacht nach bis de 6. Januar hier authentesch Fleesch- a Kéisfondue, d‘Schwäizer Raclette, deen excellent zarte Black Angus um waarme Steen an traditionell Rösti oder Tartiflette mat deftegem Reblochon aus der Savoie. Reservéiert am Beschten elo ären Dësch am heemelege Chalet du Cercle op der Plëss um Telefon 47 45 12 oder op www.brasserie-du-cercle.lu.

RTL-Business 27.12.2017 13h20