Wann Dir Ären Auto net wëllt an d'Reprise ginnVerkaft Ären Auto op mirkaafenaerenauto.lu!

Si kafen och accidentéiert Autoen oder där mat mechanesche Problemer a bezuele cash oder mat Iwwerweisung

Wann een um Autofestival den neien Auto vu sengen Dreem fond huet, da wëll ee säin Alen och lass ginn. A wann ee sech da mam Garagist, wou een den neien Auto kaaf huet, net eens gëtt fir eng Reprise, duerfir gëtt et dann neierdéngs den Internetsite www.mirkaafenaerenauto.lu. Op deem hutt Dir d’Méiglechkeet Ären Auto ze verkaafen an esou vun där ganzer Remise um neien Auto ze profitéieren. Dir kënnt do bis zu 15 Fotoen vun Ärem Auto publizéieren an am Beschten ass et, wann Dir de Carnet d’Entretien, all d’Optiounen an en eventuelle Schued och mat publizéiert. Si kafen och accidentéiert Autoen oder där mat mechanesche Problemer. Si bezuele cash oder mat Iwwerweisung. Dat interesséiert Iech? Ma da kuckt emol mat hierem Online-Formulaire wat Dir nach fir Ären Ale kritt op www.mirkaafenaerenauto.lu an och zu Esch/Uelzecht an zu Bartreng.

RTL-Business 26.1.2018 13h20