E Familjebetrib an der 4. GeneratiounEng nei Adresse an der Stad fir d'Maroquinerie du Passage

Déi schéinste Poschen an Accessoiren

D'Maroquinerie du Passage ass e Familljebetrib deen elo schonn an déi 4. Generatioun geet.

Dëse Fournisseur de la Cour a Spezialist fir all Zort vu Poschen a Valisen existéiert zanter 1931 am Zentrum vun der Stad, an do elo op enger neier Adress op Nummer 19 an der Louvignysgaass.

Op 3 Etagen an engem wonnerschéinen ale Stadhaus, fënnt een alles wat d’Häerz begiert: héichwäerteg Dammeposche vun zum Beispill Michael Kors oder Lancel, iwwert d’Qualitéitsvalise vu Samsonite bis hin zur Laptopposch.

Accessoire wéi Porte-Monnien oder Präbbelie vu Knirps gehéieren natierlech och dozou.

D’Maroquinerie du Passage fannt dir awer och am Auchan um Kierchbierg, an der Belle Etoile an zu Ettelbréck an der Foussgängerzone.

Am Geschäft an der Belle Etoile hutt dir d'Méiglechkeet Lëschte fir d'Kommunioun, Hochzäiten oder aner Geleeënheeten ze erstellen.

Dir fannt si och online op lamaroquinerie.lu, op Facebook an op Instagramwww.lamaroquinerie.lu

21/09/2018 Business