Alles fir e gudde SchlofPorte Ouverte bei der Maison du Lit

Entdeckt dee fonkelneie Showroom zu Stroossen

© Maison du Lit

Dësen Donneschden feiert d’Maison du Lit d’Ouverture op der neier Adresse zu Stroossen !

Bei der Maison du Lit fannt dir och op der neier Adresse zu Stroossen e groussen a raffinéierte Choix u Bettgezei, Matrassen a Couetten, nieft natierlech dem vertraute Service.

An haut a muer kënnt dir op RTL matspille bei der Aktioun Bettgeschichten ! Mat e bësse Chance sidd dir VIP bei der Ouverture vun der Maison du Lit zu Stroossen an hutt d’Chance e Bett am Wäert vun 2500€ ze gewannen.

Wann dir gären en Donneschden mat der Maison du Lit déi grouss Ouverture feiert, da sot hinne kuerz Bescheed op info@maisondulit.lu oder rufft si un. Dës Infoen, souwéi de Wee op déi nei Adresse fannt dir natierlech och op www.maisondulit.lu.