E klenge Virgeschmaach op déi nei WäinerZwee Primeuren bei Domaines Vinsmoselle

A verpasst net de Festival des Crus zu Wellesteen an zu Gréiwemaacher

Domaines Vinsmoselle

2018 war e ganz gutt Joer fir eis Lëtzebuerger Wäiner, an den éischte Virgeschmaach kritt een bei Domaines Vinmoselle

Vun en Donneschden un bidden d’Domaines Vinmoselle déi éischt Primeur Wäiner vum Joer 2018 un.

Do wier fir d’éischt den Pinot Noir Primeur mat senger intensiver a rubinrout-violetter Faarf. An der Nues huet en elo schonn Aromae vu Schockela a vu räife, roude Friichten. Am Mond beandrockt en mat vill Volume, Komplexitéit, a rengen Tanninen. Dëse Wäin passt super bei Pizza an Tarte Flambée, mee och bei enger frëscher Baguette mat Kéis, oder am Wanter bei enger Kéisfondue.

Dann gëtt et och den Auxerrois Nouveau ze schmaachen, e fruuchtege Wäin mat Aromen vu Bier a wäisse Friichten. En ass frësch an awer voll am Mond, mat enger agreabeler Saier. Den Auxerrois passt perfekt bei allerlee Zaloten, Poulet, an och Nuddelen.

Béid Primeur Wäiner fannt dir vu muer un iwwerall am Handel, an dir kënnt se dëse Weekend schmaachen um Festival des Crus zu Wellesteen an zu Gréiwemaacher.

RTL-Interview mam Bernd Carl a Patrick Berg