Nei Ouverture am EislekVakanzenhaus fir Gruppen

Eng frësch Initiativ fir den Tourismus am Norden

Am Éislek gouf elo d’Ouverture gefeiert vum éischte moderne Vakanzenhaus fir gréisser Gruppen

Dat gouf dës Woch effektiv an der Gemeng Wickreng ageweit, an zwar vum neien Tourismusminister Lex Delles, zesumme mam Office régional du Tourisme Éislek, represetnéiert vum Pol Ihry.

Des neit Konzept weist wéi Gebaier déi eidel stinn, e neit Liewe kréien, an den Tourismus an der Regioun e neie Schwong ginn.

No enger grëndlecher Renovatioun steet d’Barteshaus zu Houfelt elo op fir Gruppen, hei aus dem Land an aus eisen Nopeschlänner.

Et ass perfekt fir Team Building oder Weekender mat der Famill.

Bis zu 24 Leit kënnen hei zesummen eng flott Zäit verbréngen, a profitéiere vun engem erhuelsame Moment am schéinen Éislek.

Fir 2019 si weider Projete wéi dëse geplangt, fir esou Lëtzebuerg nach méi attraktiv ze maache fir Touristen.

21/12/2018 Business