Sneaker ClubDeen neie Scoop86

Hei fannt Dir Modeller déi Dir soss néierens fannt.

No der éischter Ouverture zu Angelduerf huet de Scoop86 virun zwee Méint e weidert Geschäft opgemaach, an zwar um éischte Stack an der City Concorde zu Bartreng am neien Livestylecenter. Am Scoop86 fennt een zougesoten an virun allem exklusiv Sneakers, mat Marken ewéi Adidas, Nike, Puma, Vans, Asics, New Balance, an Arkk. Ma Scoop86 ass vill méi wéi nëmmen e Sneaker Geschäft, et ass e richtege Sneaker Club. Scoop86 mécht nämlech och vill Collaboratiounen mat Fournisseuren fir exklusiv Modeller erauszebréngen. Déi ginn ëmmer ganz kuerzfristeg annoncéiert, duerfir och onbedéngt den Instagramm oder Facebook Account vu Scoop86 followen fir ëmmer iwwert déi neisten Modeller informéiert ze sinn.
Méi Info och op www.scoop86.lu

04/01/2019 Business Scoop86