3 Deeg Vakanzestëmmung:D'Foire "Vakanz" an der Luxexpo

D’Luxexpo versetzt eis wärend 3 Deeg a Vakanzestëmmung mat Dramreesen, de schéinste Landschaften an eenzegaartegen Entdeckunge fir eleng, zu 2, als Famill oder am Grupp.

Op der Foire Vakanz gëtt e grousse Programm gebueden, wou fir jiddereen eppes dobäi ass: Vun der Weltrees iwwer organiséiert Reese bis hin zu klenge City Trips.

A wie mengt Vakanz wier just Erhuelung, dee läit falsch. Fir déi déi op der Sich no e bëssen Action sinn huet d’Vakanzefoire nämlech och genuch ze bidden. Iwwer 200 Beroder stinn Iech zur Verfügung bei Froen zu Rafting, Stand-up Paddling, Wanderungen a méi.

Donieft kann och jidderee bei flotte Gewënnspiller matmaachen a fir Animatioun ass natierlech och gesuergt.

11/01/2019 Business