Belcacom 11+ an Tango Generation: Football & More à gogo!

Tango gehéiert zu 100% zum belschen Telecommunicatiounsgrupp a profitéiert esou vu sénger breed gefächerter Offer!

Belgacom an Tango Generation haaten d'Press fir de Lancement vun der Fussball-Championsleague-Saison an hier Studioen op Bréissel invitéiert.


Wat do geleescht gëtt, ass schon impressionnant, esou wuel vum Manpower wéi vun der Technik. An der Gruppephas vun der Championsleague ginn hei 8 Matcher op franséisch, 8 op flammannësch an de Multilive parallel commentéiert - da sinn 100 Leit am Asaatz.


Iwwer "11+" kann een séch dee Match eraussichen, deen ee méi speziell interesséiert, oder d'Konferenz kucken.



Hei besteet och eng Zesummenaarbécht mat Club RTL. D'Clienten vun Tango zu Lëtzebuerg profitéiere vun deser Offer am Kader vum Abonnement Tango Generation, waat een an all Tango Shop ka reservéieren.


RTL-Interview mam Bruno Chauvat
Executive Vice President Strategy & Content Belgacom



RTL-Interview mam Dan D'Aversa
Entertainment and TV Director Tango