Nei Marketing-Campagne vum Sténgeforter Famillgebtrib:"Le goût du bonheur" made by Steffen

Dem Steffen säin Iessen soll einfach sinn, gutt schmaachen, natierlech, ethesch an esthetesch sinn!

"Le goût du bonheur" – esou heescht dem Steffen seng nei Marketing-Campagne. 1989 huet de Frank Steffen d’Maison Steffen gegrënd, 2003 den Traîteur-Service, 2009 koum säi Jong den Tom mat an d’Firma an 2017 soll déi nächst Stuf vun der Traîteurs-Rakéit gezünd ginn. Vläicht e puer Zuele fir déi Success-Story vum Sténgeforter Famillgebetrib ze beléen: 18 Milliounen € Ëmsaz, 144 Mataarbéchter, 22 Gefierer an 335 Qualitéits-Analysen am Joer. Dem Steffen säin Iessen soll einfach sinn, et soll virun allem gutt schmaachen, et soll natierlech, ethesch an esthetesch sinn, mat esou vill wéi méiglech regionale Produkter! Fir dëst ze ënnersträichen hu si am Marketing elo eng nei Identitéit ausgeschafft, mat herrleche, faarwege Fotoen, mat Delikatessen am Feier an am Wasser, a mat hiere Mataarbéchter als Star-Mannequins. D’Resultat léisst sech absolut weisen – kuckt Iech et un op hierer neier Internetsäit am responsive design op www.steffentraiteur.lu an op hiere verschiddene Säiten an de sozialen Netzwierker. An deem Sënn: e gudde Rutsch mam Steffen!

RTL-Business 28.12.2016 13h15