RTL-Dictée 2011Fir déi 16. Kéier zu Walfer

Zu Walfer huet sech um Sonndeg alles ronderëm d'gutt Buch an d'Literatur gedréit. Vun 9 Auer un gouf et nees besonnesch spannend mat der RTL Dictée.

© Lucien Koneczny
Dës Dictée huet RTL fir déi 16. Kéier am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri organiséiert.

Jidderee konnt matmaachen a seng Fäegkeeten op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch testen.

Ma och nieft der Dictée huet et sech gelount en Tour op Walfer ze maachen, wou an 3 Halen ausgestallt gouf an een natierlech och direkt mat den Auteuren an d'Gespréich komme konnt. D'Thema vun der Editioun dëst Joer war de Film.


Alleng d'lescht Joer hate sech eng 12.000 Leit fir d'Bicherdeeg op Walfer déplacéiert.



Hei d'Gewënner:

Franséisch

1. Jessica DOMINGUES MURO
2. Nicolas KUGELER
3. Astrid GROS

Däitsch

1. Yves FINAZZI
2. Danièle SCHROEDER
3. Valérie FINAZZI

Lëtzebuergesch

1. Paule LOSCH-BICHELER
2. Sonia THEVES
3. Jerry KREINS

Generalklassement

1. Paule LOSCH-BICHELER
2. Danièle SCHROEDER
3. Yves FINAZZI
    Sonia THEVES


An hei d'Verbesserunge vun all den Diktaten:


Le cinéma au Luxembourg


Pendant des décennies, le Luxembourg était quasiment inexistant sur la carte du cinéma mondial. Certes, les citoyens intéressés avaient la possibilité d’admirer, parfois avec retard, les chefs-d’œuvre éblouissants montrés à l’étranger. Mais, les quelques rares talents qu’il y a eu et qui se sont sentis attirés par une carrière d’acteur ou d’actrice ont dû émigrer pour tenter de s’imposer dans un milieu souvent hostile. Par ailleurs, l’apparition de nouveaux moyens de distraction a entraîné la disparition de maintes salles obscures.

Depuis, la situation a changé. D’abord, les petites salles devenues déficitaires ont cédé le pas à des immeubles imitant les grands temples cinématographiques dotés d’ amphithéâtres comme le public en fréquente dans les métropoles du monde entier.

Parallèlement, ces vingt dernières années, les instances gouvernementales ont pris plusieurs initiatives favorisant le développement du cinéma. Seule ombre au tableau : à part la cinémathèque, il n’y a plus de cinéma au centre de la capitale.

 AUDIO: Déi Franséisch Dictée »


Eine männliche Diva

Als zu Silvester der griechische Regisseur eines neu aufgelegten Films ein Interview gab, erstarrten alle, denn er präsentierte sich als selbstverliebter seliger Narziss sehr negativ vor der Kamera. Des Weiteren waren die sequenziell (sequentiell) angelegten Filme dieser Galionsfigur zu guter Letzt zu viel für die meisten (Meisten). Seine Auftritte, welche jedes Mal einer festgeschriebenen Choreografie (Choreographie) voller Rhythmus folgen, präsentierten demselben Publikum nichtsdestotrotz ein geradezu ekstatisches Feuerwerk an Wortakrobatik und es brauchte den anderen nicht angst zu sein, des Morgens seine überhebliche Miene in der Zeitung widergespiegelt zu sehen. Der Moloch Filmindustrie wird noch lange nicht pleitegehen, wenn nicht der Alltagsstress solche brillanten Paradiesvögel hinwegrafft. Das käme uns nicht zugute und demzufolge täte es mir leid, sie jemals zu Unrecht auf der Beliebtheitsskala falsch platziert zu haben.

Roland Schumacher

 AUDIO: Déi Däitsch Dictée »


Maach mer kee V fir en F vir.

Do si mer elo virwëtzeg, wat fir eng Fierkelzegkeete mer haut erëm vun deem Vullemetti virgespillt kréien. Wann en net virumécht, da fuere mer mat em. Et geet elo duer mat deem Firlefanz. Och wann e(n) sech nach esou fierchterlech erausgefiizt huet, maache mir net vill Fisematenten. E muss sech virum Friddensriichter veräntweren, fir dat, wat en äis hei an dëser Virstellung virfantaséiert huet.

Wann ee bedenkt, datt e virgëschter ëm véier Auer, fënnef virwëtzeg Frae verkasematuckelt huet, wéi en en eng verduerwe Fruuchtdrëpp an der Philippsgaass op fonds perdu verkaaft huet, a voll wéi se waren, hunn déi, an hirer Verzweiwelung, hannert der viischter Dier vun der Philharmonie op engem fiichten Teppech eng verdäiwelt flappeg Klatz op d’Viischt gespillt. Du si(nn) se vum Verdi sengem Falstaff verbotzt ginn, an hien huet sech niewendru vreckt gelaacht. Dee verfluchte Fatzert!

Dat do war elo fir d’lescht, dat duerf net nach eng Kéier virkommen. Dofir stellt iech all do vir an d’Rei, awer ech warnen iech vir, wann der haut net méi drukommt, da maacht mir kee Virworf, ech kann och net derfir.

Jemp Schuster

 AUDIO: Déi Lëtzebuerger Dictée »