RTL-Dictée 2008D'Opléisung ...

Hei drënner fannt Dir d'Nimm vun de Gewënner vun der Dictée 2008 (an den 3 Kategorien an och an allen 3 Kategorien Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch zesummen) an och déi 3 Texter ... ouni Feeler!

Resultat franséischt Diktat:

LEYDER Danny, Lëtzebuerg (4 Feeler)

GEETS Isabelle, Mamer (5 Feeler)

MILTGEN Marie-Claire (6 Feeler)

Ausser Konkurrenz: Jean Mathes, Fernand Ernster an Astrid Lulling (6 Feeler).

Resultat däitscht Diktat:

MAZOUIN Paul, Lëtzebuerg (7 Feeler)

MAZOUIN Laurent, Lëtzebuerg (10 Feeler)

WEISS Jean, Bridel (12 Feeler)

Resultat lëtzebuergescht Diktat:

LEYDER Danny, Lëtzebuerg (10 Feeler)

WEISS Jean, Bridel (11 Feeler)

HENNES Laurent, Baereldeng (11 Feeler)

Ausser Konkurrenz Yann Logelin (8), Christiane Ehlinger (10), Jérôme Lulling (10).

Klassement an deenen 3 Sproochen:

WEISS Jean, Bridel (30 Feeler)

LEYDER Danny, Lëtzebuerg (31 Feeler)

CASAGRANDE-WEYDERT Marion, Bridel (33 Feeler)

An hei elo déi 3 Texter:

Dictée

Plus d'un de nos compatriotes se rappelle sûrement ce chant patriotique qui revendique le Luxembourg pour les Luxembourgeois, sous la vigilance du Lion Rouge.

Durant les dernières décennies le dynamisme et l'agressivité inaccoutumés du Lion furent à maintes reprises sollicités pour renvoyer des voisins irrespectueux dans leurs limites.

Doté de sa crinière solennelle, le regard parfois apathique, l'allure plutôt flegmatique, ce félin a engendré un lionceau honorant prodigieusement, habilement et intelligemment les caractéristiques du lion qui pare les armoiries nationales.

Ainsi le lionceau débrouillard susmentionné vient de dire ses quatre vérités au coq gaulois, en l'occurrence à un coquelet échotier osant s'arroger le titre de journaliste, mais n'oeuvrant qu'au niveau de la misère intellectuelle de petites gens, écrasés sous le poids de l'ignorance.

Yves Konsbruck

Diktat

Wie viele hatten Schlange stehend bei der Premiere des neuen Bond-Films gestern Abend die raue Miene ekstatischerweise verzogen? Das sich freitagabends noch schnäuzende griechische Tennis-Ass mit der wohlklingenden Stimme hinter mir hatte sogar seine Ehefrau im Kreißsaal liegen lassen, um die naheliegende Annullierung seines Abonnements zunichtezumachen.

Missgünstige Boykotteure waren diesem eloquenten Philosophen eben ein Gräuel. Widersprechenden Neidern sollte man eine kalt geschlagene Majonäse (Mayonnaise) mit helllila Zuckerguss ins Gesicht schmeißen, denn die Rohheiten solcher Hoheiten hältst du ja genauso wie Glimmstängel oder Rhabarber in der Fritteuse für verboten.

Auch Bond ist ein Meister aller Schusswaffen, aber beim Billard fehlte dem rhythmischen Phlegmatiker diesmal als Erstes ein Quäntchen Glück und dem herbeigerufenen 30-jährigen Referee, dem er nicht allzu gram sein wollte, konnte der attackierte Cousin Bond nicht leidtun(,) und es gab null Trost.

Roland Schumacher

Sport ass kee Spaass

Sechsanzwanzeg Stonnen ouni Ënnerbriechung am Suedel, et ass scho bal animalesch, wat eise Vëlosathlet haut erëm opzeweisen huet.

Schonn am éischte Bierg hat de Jängi Pedalo d'Zong esou déif um Giddong (Guidon) hänken, datt den Dokter vum Tour em ambulant e Stéck ewechgeschnidden huet, ier en dermat an d'Speeche komm wier.

Um éischte Ravitaillement, no sechshonnertfënnefanzwanzeg haarden a battere Kilometer, hëlt e(n) sech e frëscht Häerz a spullt et mat engem Liter Ochseblutt, gesponsert vum Metzleschverband, erof.

Do geet de Jängi eréischt richteg lass. Déi éischt Kéier am Buerschenter geschnidden, datt d'Saaft am Stroossegruef zesummeleeft, an déi zweet geschnëppelt, datt d'Fatze vu(n) senge Muskelwueden de Leit ëm d'Ouere fléien.

E struewelt ewéi en Zombi, e raumt onheemlech of. Een Trapp verluere Schof, zwéi läfeg Hënn, e gackeregen Héngerjuck mat dräi Dose frësche Pëlleneeër, eng Spillschoulsklass mat hirer Joffer an de Fändelcher mam « Roude Léiw huel se ! », ginn d'Affer vu senger onbeschreiflecher Performance.

Am leschte gëftege Stouss virun der Arrivée, no aachthonnertdräiavéierzeg Kilometer Géigewand, léisst e(n) seng Coequipieren einfach stoen, reit eng Attack (Attaque) aus der zweeter Rei, rappt e Lach vu fënnefhonnert Meter an de Plottong (Peloton), schéisst ewéi eng gepimpte Rakéit aus dem Schiet vun der Ambulanz eraus, a péilt seng ausgepowert Konkurrenten onbarmhäerzeg un de Macadam.

Ausgebrannt ewéi en huele Päifekapp schleeft e(n) sech iwwer(t) de wäisse Stréch, fiert aus der sonneverbrannter Haut, hëlt seng zerschannte Been an de Grapp, a krécht um Bauch an d'Duschen.

Respekt virun der Leeschtung vum Iwwermënsch, awer och virun den Affer, déi säi bluddege Wee op de Podium och haut erëm virgezeechent hunn.

Jemp Schuster