RTL-Dictée 2007Däitsch, franséisch a lëtzebuergesch

DEUTSCH / RTL DIKTAT 2007

Unser dynamischer „ Super-Johann-Peter' ist ein Gratwanderer. Er agiert als spießiger Staatsbeamter im Ministerium, wo er ungeknackte Hieroglyphen und Kryptogramme entziffert und von morgens bis abends essenziell diffizile Fälle annulliert, dissoziiert und eruiert.

Dieser phänomenale Typ wird aber zur Galionsfigur, wenn er sein heißgeliebtes (heiß geliebtes) Luxusburg in Gefahr sieht. In seinem nationalfarbenen Kostüm jettet er durch die Weltliteratur.

So begegnet er im Gewirr der Kasemattengänge einem Patholinguisten, der sich als Dicks-Karikatur entpuppt. Mit Tricks und Tipps entlarvt er gräuliche Polit-Terroristen. Reflexionen über mysteriöse Kofferattrappen, einen todblassen Papst oder eine narzisstische Widerspiegelungstheorie, alles erscheint im Rhythmus der Bedürfnisse.

Des Weiteren sind die dilettantischen Komplizen Schrobiltgen und Kommissar Wespe in Schussnähe des Ekstatikers, der immer im Recht ist.

Was für Popeye der Spinat, ist für unseren Genüssling der Kochkäse.

Nicht grölen oder krakeelen: aber die Akquisition eines „Superjhemps ', noch vor Silvester, ist besser als eine dämliche Flussschifffahrt oder Ähnliches.

Dictée RTL 2007

Depuis deux décennies ce super-héros au léger embonpoint, sagace et friand d'affaires extravagantes est donc à l'affût de filous, voyous, ripoux, politicards et pseudo-stars médiatiques. Se dopant à la cancoillotte et ne reculant jamais devant des scandales inouïs, il s'envole dans tous les azimuts et échafaude de succinctes, voire convaincantes hypothèses, provoquant même le courroux de certains. D'ailleurs, quelque stupéfait qu'il fût de ses innombrables déboires avec des personnages petits-bourgeois du Tout-Luxembourg, il a toujours continué sur sa lancée malgré l'exaspération de ses détracteurs. Même les quatre gouvernements auxquels il a survécu, n'ont pu l'arrêter. Donc, vous gausseriez-vous encore de ce personnage qui ne manque nullement de jugeote ?

Diktat RTL 2007

Mir feieren dëst Jo(e)r dem Superjhemp säin zwanzegste Gebuertsdag, an dofir wëlle mer äis haut e bësse mat him beschäftegen.

De Charel Kuddel féiert en Duebelliewen. En ass engersäits haaptberufflech Staatsbeamten an anersäits, wann e gebraucht gëtt, nieweberufflech Superjhemp.

E schafft, oder besser gesot, en ass am Ministère (Ministär) vun den ongeléiste Problemer, am Service vun den hoffnungslose Fäll, wou en Dag fir Dag e puer vun deene (diene) Fäll klasséiert.

An der Geschicht « Den Dossier Hexemeeschter » begéint de Superjhemp an de Kasematten engem, deen (dien) d'ganzt Land wëllt an de Grëff kréien. Wéi de Superjhemp e freet, wéi en dat da wéilt maachen, do kritt en als Äntwert :

« Doduerch datt ech Meeschter ginn iwwert de Geescht ! An doriwwer ass ee Meeschter, wann ee Meeschter ass iwwert dat, wat d'Leit liesen. De Leit hir Käpp, déi kréien ech mer mat deem ënnerdoen, wat de Sprochmates fir mech op Luxusbuergesch iwwersetzt : all Wierker vun der Weltliteratur.

Ech wëll, datt d'Mënschheet nëmmen nach a menger Sprooch denkt, liest a schwätzt, a mir eleng follegt. Well ech wor zu Paräis, an nawell zwou Stonnen hanner Paräis.

Domat hat e(n) sech verroden. « Dee Sproch do kennen ech dach, » huet de Superjhemp geruff, « du bass den Dicks ! » Da soen ech der dat hei : « Pass op, et gëtt näischt esou warem giess, wéi et gekacht gëtt !»

Den Dicks sollt nawell Recht behalen, an esou sinn déi Walfer Bicherdeeg entstanen.