RTL-Dictée 2013An d'Gewënner sinn ...

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg dëse Weekend war e Sonndeg, de 17. November erëm déi grouss Dictée zu Walfer am groussen Zelt.

An 3 Diktater, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, konnt ee säi Wëssen testen.

Lëtzebuergesch

Plaz 1
HUBERTY Christiane (6 Feeler)
LEYDER Danny (6 Feeler)
THEWES Sonia (6 Feeler)
ARULDOSS Manu (6 Feeler)

Däitsch

Plaz 1
KREINS Jerry (4 Feeler)

Plaz 2
KUGELER Nicolas (6 Feeler)

Plaz 3
ANTONY-SOISSON Pascale (7 Feeler)
LOSCH-BICHLER Paule (7 Feeler)
WAGNER Alain (7 Feeler)

Franséisch

Plaz 1
ANTONY-SOISSON Pascale (1 Feeler)
DOMINGUES-MOURO Jessica (1 Feeler)
KUGELER Nicolas (1 Feeler)

Gewënner an den 3 Sproochen

Plaz 1
Huberty Christiane (16 Feeler)
KREINS Jerry (16 Feeler)

Plaz 3
KUGELER Nicolas (19 Feeler)
WAGNER Alain (19 Feeler)



17/11/2013 RTL Dictee Letz


Dictée française


Deutsches Diktat



Hei den Text vum 1. Diktat:

RTL Diktat 2013

Ech weess net, ob een hautdesdaags der Regierung all Dag wéinst der Lag vun der Natioun muss op den Daach klammen.

Wéi vill kuerzsiichteg Duerchschnëttsbierger hu schonn zu Munneref an der Kur méi ewéi dräi Kachcourse gebucht, a se kënnen awer nach ëmmer keng Muertenzalot vun enger Wuerzelsbiischt ënnerscheeden.

Wann s de n en net packs, da so, et soll een der upaken. Wéi dacks hunn ech der scho gesot, du bräichs him nëmmen ze faxen, hie sollt d'Taxen iwwerhuelen, da kënnt der iech a sechs Woche scho pacsen.

Hatt hat säi schwaarzt Gezei verkaaft a sech scho laang e beigen Hutt an e beigë Mantel geleescht. Säi Mann hat jo nach dat beiget Hiem, da konnten s'elo (se elo) zesummen danze goen.

Déi lescht Woch waren zwou Vëloscourssen op engem Dag. Déi éischt ass hanne laanscht d'Bourse gefuer, wou just an deem Ament d'Course gefall sinn. Déi zweet war eigentlech keng richteg Course, mä éischter e Vëlostour. D'Touriste sinn ëm véier Minutte vir hallwer siwen zu Groussbus beim Waassertuerm fortgefuer an no aacht battere Stonne beim Tiermchen zu Weiler-la-Tour ukomm.

Wann der gesitt, datt se midd ginn, da belitt se net a sot net, et wier näischt geschitt, dann zitt s'einfach (se einfach) aus dem Verkéier a sangt net ëmmer dat aalt Lidd, well dat mécht nëmme schlecht Geblitt.

Jemp Schuster

Hei den Text vum 2. Diktat

Krakeelende Kunstkenner

Viele Kollektioneure von heute mokieren sich über die Phrasendrescher, welche ihnen Kunstcharakter oktroyieren und gräuliche, raue und aggressive Accessoires in das tipptoppe Dekolletee (Dekolleté) schütten wollen. Diese Kapellmeister von anno dazumal sehnen sich des Weiteren nach Odysseen in stuckverzierten Sälen renommierter Museen. Schlaksige Jungspunds und flugs präparierte erotisierende Models dagegen quengeln in den Galerien vor adäquat arrangierten Szenarios, wo sie in puncto Zähheit hart an die Kandare genommen werden. Diese minutiösen (minuziösen) Dilettanten tragen ihre todlangweiligen Akquisitionen mit spärlicher Raffinesse wie eine Medaille vor sich her und glauben
wahrlich, jedes Vorkommnis am Freitagabend wäre ein anästhesistisches sonntägliches Hochamt. Deshalb bezeichnet man auch nur die seligen und lediglich mit Rauhaardackel bewaffneten Sympathieträger unter den Kulturschaffenden als intellektuell, während die griesgrämigen viel zu viel etepetete sind, aber das ist halt gang und gäbe.

Roland Schumacher

Hei den Text vum 3. Diktat:


Pendant des lustres, le citoyen moyen considérait le musée comme un endroit plutôt lugubre et poussiéreux ; une personne attirée par un tel lieu comme un savant ou comme un original enclin à arpenter les salles d’exposition pour s’arrêter devant des vitrines contenant des chefs-d’œuvre d’un autre âge.

Depuis quelques décennies seulement, ces préjugés se sont effrités lorsque les musées ont ouvert leurs portes à des formes d’expression ignorées jusque-là. Dans notre pays, sous la houlette de conservateurs davantage tournés vers l’innovation, plusieurs initiatives fortement médiatisées, comme la Nuit des Musées , ont incontestablement conduit à rendre les musées plus attractifs. De même, par des opérations de prêt d’une ampleur jamais connue, nos musées sont entrés en contact avec des hauts lieux de la culture comme le Louvre ou le Musée d’Orsay. Puisse cette évolution vers la popularisation des arts se
poursuivre !


Nomëttes vu 14h30 bis 15h streame mir dann och nach d'Präisiwwerreechung ...
© Lucien Koneczny



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.