RTL-Dictée 2014D'Gewënner vun der Editioun 2014 sinn...

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg dëse Weekend war e Sonndeg, de 16. November erëm déi grouss Dictée zu Walfer.

An 3 Diktater, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, konnt een bei der RTL Dictée op de Walfer Bicherdeeg säi Wëssen testen. Kuckt d'Fotoe vun der RTL Dictée an déi vun de Walfer Bicherdeeg.

Lëtzebuergesch

Plaz 1
DELLES Paule (6 Feeler)

Plaz 2
RINGS Robert (7 Feeler)
LEYDER Danny (7 Feeler)
HENNES Marie-Rose (7 Feeler)

Däitsch

Plaz 1
HUBERTY Christiane (3 Feeler)

Plaz 2
WAGNER Alain (5 Feeler)
MULLER Marie-Lyne (5 Feeler)

Franséisch

Plaz 1
KLECKER Gilbert (0 Feeler)
KUGELER Nic (0 Feeler)
LECOMTE Nelly (0 Feeler)
WAGNER Alain (0 Feeler)

Gewënner an den 3 Sproochen

Plaz 1
WAGNER Alain (13 Feeler)

Plaz 2
KUGELER Nic (14 Feeler)
LEYDER Danny (14 Feeler)
HUBERTY Christiane (14 Feeler)

Wëllt dir d'Dictée nach emol schreiwen? Dann lauschtert iech hei den Audio vum Diktat nach eemol un.

RTL Dictée op Lëtzebuergesch vum Jemp Schuster



RTL Dictée op Däitsch vum Roland Schumacher



RTL Dictée op Franséisch



D'Texter vun der Dictée nach emol fir nozeliesen:

Déi Lëtzebuerger Dictée

Vu Feierdeeg a Feierlechkeeten.

Et soll een d’Fester feieren, wéi se falen, et muss ee just oppassen, datt een net selwer beim Feieren ëmfält an duerno am Solper läit.

Mir haten äis/eis deslescht e ganzen Nomëtteg fräigehal/fräigehalen, well mer net ze midd wollte sinn, fir owes op déi gemittlech Ofschlossfeier vun eise Kanner ze goen.

Virun all Vakanz freeën déi Krappeg sech, hir Elteren iwwerall am Land op déi Multikulti-Fester an de Maison-relaisen anzelueden, wou d‘Kanner da mat hire leschte Chèque-servicë probéieren, dee vegane Buffet virzefinanzéieren.

Mir haten där gudder Deeg an der Lescht e bësse vill openeen. Um gëllenen Hochzäitsdag vun der Tatta Margréit an dem Monni Jos hu mer éischter misste goen, well mer d‘Feierlechkeete fir de fënnefanzwanzegste Commemoratiounsdag vum Fall vun der Berliner Mauer, déi mat engem bombastesche Freedefeier ofgeschloss goufen, net wollte verpassen. Et ass alt gutt, datt d’Wieder de ganzen Dag matgespillt huet, well esou en Evenement kann een onméiglech ënnerdaach feieren.

Bei anere bedeitende Festivitéiten, op déi mer äis/eis elo scho freeën duerfen/dierfen, wéi Mokuchsdag a Päifenneijoerschdag, misst d’Wieder äis/eis am Fong geholl egal sinn.

Jemp Schuster



Dat däitscht Diktat:

20-jähriges (Zwanzigjähriges) Jubiläum

Festen frönen ist keine Lappalie, sondern eine skurrile Wissenschaft und für die Organisatoren oft sogar ein verheerender Wirrwarr. Da sie zurzeit in der Bredouille stecken, werden zuallererst wir nicht umhinkönnen, an die Mäkelnden in Jackett und Sakko zu appellieren, nicht allzu laut zu grölen. Derart todlangweilige Schnipsel müssten als symmetrische Standards daheimbleiben, sonst wird alles zum Flop.

Unseren seligen Mienen muss es trotz allem doch ein kleines bisschen guttun, wenn das galoppierende Karussell bei der Vorstellung exquisiter Folianten nicht annulliert, sondern aufrechterhalten wird. Da überschreiten nämlich literarische Hünen jedes Hindernis, laden brillante Vorleserinnen zu dem ausschweifendsten Exzess ein und wievielmal (wie viel Mal) werden gar hanebüchene Porträts kumuliert? Inwieweit das sympathische Ass hinter dem Mikrofon (Mikrophon) heute Nachmittag diese Ekstase aus den Kreißsälen der Kultur bei uns platziert bekommt, wird mit Wollust wahrzunehmen sein.

Roland Schumacher

Déi franséisch Dictée:

Walferbicherdeeg 2014

A la fameuse question «Qu’est-ce que la littérature» soulevée en mille neuf cent soixante-quatre par Sartre dans un de ses nombreux chefs-d’œuvre, plus d’un aurait tendance à répondre qu’il s’agit d’un texte écrit avec un souci esthétique. Contrairement au journal, la littérature échappe au quotidien informatif mais vise à l’universel, n’est pas immédiatement productive, bref le poète n’est pas plus utile à l’État qu’un joueur de quilles. Excepté les lecteurs férus de littérature, on s’intéresse tout au plus aux prix littéraires.

Mais la littérature est plus. Elle peut être distraction et plaisir, avoir un effet de catharsis ou bien influencer l’époque et la société. Depuis longtemps, les puissants de ce monde s’en sont aperçus. En conséquence, certains ont décidé de l’utiliser à des fins de propagande, d’autres, mus par la crainte, ont eu recours à la censure pour empêcher que la réflexion et l’esprit critique de leurs subordonnés ne soient aiguisés.