RTL-Dictée 2012An d'Gewënner sinn ...

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war e Sonndeg, den 18. November erëm déi grouss Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri.

Et hunn eng 161 Leit matgeschriwwen. Op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, jidderee konnt am Kader vun de Walfer Bicherdeeg matmaachen.

Jidderee kritt ee Buch a fir déi mat de mannste Feeler ginn et Akafsbongen am Gesamtwäert vun 1000.- Euro.

Hei d'Gewënner vun der Dictée:

Lëtzebuergesch:
ex aequo mat 0 Feeler

Anne Lentz-Olinger
Danny Leyder
Isabelle Raths
Mariette Reinard
Jean Weiss

Franséisch:
ex aequo mat 0 Feeler

Christiane Huberty
Eugenia Savannet
Alain Wagner

Däitsch:
ex aequo 1 Feeler

Valérie Finazzi
Yves Finazzi
Jean Weiss

Gewënner an den 3 Sproochen:

Plaz 3 Nicolas Kugeler ( 5 Feeler
Plaz 2 Paule Losch-Bichler 4 Feeler
Plaz 1 Jean Weiss 3 Feeler


Promien:
Lëtzebuergesch 3 Feeler
Luc Marteling (rtl.lu). Gibbes Bertolo (Radio Lëtzebuerg), Roland Pinnel (Direkter LCTO)

Franséisch: 1 Feeler
Romy Roth (Déierendoktesch RTL), Simone Beissel ( Schäffen Stad Lëtzebuerg)

Däitsch:
3 Feeler:
Luc Marteling (rtl.lu)
4 Feeler:
Simone Beck (Prof, mécht Carte blanche um Radio)
5 Feeler:
Jean Mathes (pensionéierte Schoulmeeschter. Sport-Redaktioun RTL Radio)



Hei scho mol een ouni Feeler am Lëtzebuergeschen...


An hei d'Verbesserunge vun all den Diktaten:


Däitsch:

Nicht die Philosophie zunichtemachen!

Diese Wissenschaft schien vielleicht früher inkompatibel mit den Bestrebungen des Individuums nach Reputation. In der jüngsten Vergangenheit fehlte es ebenso sehr nicht an einer differenzierten Begutachtung der Welt als Potenzial (Potential) bei einer großen Schar von Spintisierern, aber die vielen, vielen Philosophen fielen viel zu viel auf Syllogismen und derbe Sophismen herein. Selbst die behändesten (behendesten) unter ihnen mussten an besagter Affäre (Affaire) zugrunde (zu Grunde) gehen und dies auch kundtun. Irgendjemand lässt uns dann in die labyrinthartigen terrassierten Säle der Hirne dieser Koryphäen blicken, wohingegen unsere Höhlen-Silhouetten (Höhlensilhouetten) lediglich auf den Knien sitzen und sich die Lefzen nach dem Fressgenuss abwischen. Wo diese thronen, dümpeln die anderen montagmorgens wie Aasgeier nur mit fahlen Mienen herum und versuchen, ihre Wochenenden geistig zu annullieren, ohne sich in diesen widerzuspiegeln. Wie viele hältst du denn heute noch vollends dafür geeignet, an die Ratio zu appellieren?

Roland Schumacher

RTL Dictée 2012 - Däitsch



Franséisch:

Qui dit philosophie provoque dans l’opinion publique une réaction de respect craintif, de rejet poli, voire de mépris. Ceci tient au fait que les sujets abordés traditionnellement sont réputés abstraits, rébarbatifs et qu’on imagine les philosophes comme des êtres renfrognés vivant repliés sur eux-mêmes. Pour ne pas être traumatisés, la plupart des citoyens préfèrent ignorer les questions métaphysiques traitant de l’origine, de l’existence et de la destinée de l’homme.
Cependant, pour sortir de l’anonymat chaque artiste autoproclamé affirme qu’il y a une philosophie authentique derrière ses chefs-d’œuvre. Ces élucubrations d’une médiocrité abyssale ont pour but de procurer un peu de notoriété à des néophytes.
Gageons pourtant que les théories platoniciennes illustrées par le mythe de la caverne, que la rigueur cartésienne et les théories de l’existentialisme resteront en souffrance. Comme Socrate, la philosophie boira la ciguë jusqu’à la lie.

RTL Dictée 2012 - Franséisch



Lëtzebuergesch:

Philosophesch Gedanken

Wie (Wee) gleeft, eppes ze sinn, huet opgehal, eppes ze ginn. (Sokrates)
Et ass e grousse Virdeel am Liewen, déi Feeler, aus deenen ee léiere kann, méiglechst fréi ze maachen. (Sir Winston Churchill)
Gléck ass e Stull, deen op eemol do steet, wann ee(n) sech tëschent zwéin anerer wëllt sëtzen. (George Bernard Shaw)
Et sollt een ni esou vill ze dinn hunn, datt ee keng Zäit méi huet, fir nozedenken. (Georg Christoph Lichtenberg)
Wann s de dech fir déi kleng Saachen ze grouss fills, bass de fir déi grouss Saachen ze kleng. (Lao Tse)
De Mënsch huet dräierlee Weeër fir gescheit ze handelen. Éischtens duerch Nodenken, dat ass deen nobelsten, zweetens duerch Nomaachen, dat ass deen einfachsten, drëttens duerch Erfuernes, dat ass dee battersten. (Konfuzius)
D’Mënsche falen net iwwer(t) Bierger, awer iwwer(t) Maulefskéip. (Konfuzius)
Villes op der Welt wier vëlleg onint(e)ressant, wann et net verbuede wier. (William Faulkner)
Wéi ech kleng war, hunn ech gegleeft, Geld wier dat Wichtegst am Liewen. Haut, wou ech al sinn, weess ech : et stëmmt. (Oscar Wilde)
Et muss een d’Tatsaache kennen, ier ee(n) se verdréi(n)e kann. (Mark Twain)
Bestuet iech op jidde Fall. Kritt der eng gutt Fra, da gitt der glécklech. Kritt der eng schlecht, da gitt der Philosoph, an och dat ass nëtzlech fir e Mann. (Sokrates)

Jemp Schuster

RTL Dictée 2012 - Lëtzebuergesch



 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.