RTL-Dictée 2010Wéi vill Feeler hutt Dir gemaach?

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war e Sonndeg, den 21. November erëm déi grouss national Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri.

© LuKo

RTL huet fir déi 15. Kéier dës national Dictée organiséiert.

Hei d'Gëwenner (bei ex-aequo huet d'Museksdictée matgezielt):

Franséisch

1. HENNES Marie-Rose (2 Feeler) 3 Musek
2. LOSCH-BICHLER Paule (2 Feeler) 5 Musek
3. TOCK Paul (2 Feeler) 6 Musek


Däitsch

1. SENNINGER Astrid (5 Feeler) 0 Musek
2. LEYDER Danny (7 Feeler) 1 Musek
3. SCHROEDER Danielle (7 Feeler) 2 Musek
    MAZOUIN Bernard (7 Feeler) 2 Musek

Lëtzebuerger

1. ARUL DOSS Manu (0 Feeler) 4 Musek
2. LOSCH-BICHELER Paule (2 Feeler) 1 Musek
    THEWES Sonja (2 Feeler) 1 Musek

Generalklassement

1. LOSCH-BICHELER Paule (12 Feeler)
2. SENNINGER Astrid (13 Feeler)
3. LEYDER Danny (15 Feeler)

 

An hei d'Verbesserunge vun all den Diktaten:

 


Allons Enfants ….

La France, elle a, elle a parmi les gens du Nord un drôle de  symphoniste qui n’est pas du tout notre mec à nous, pour qui l’amour n’est pas un bouquet de violettes mais plutôt un boqueteau d’airs belliqueux et martiaux qu’il a entonnés récemment en tapant assidûment et consciencieusement à côté des notes.

Toréador de la Grande Nation, prends garde ! Le plus beau tango du monde avec Mademoiselle Lise de Germanie offre le motif principal de la cacophonie dans l’orchestre des enfants de tous pays.

Et maintenant, que la fille du régiment aille annoncer à coups de cloches de Corneville les grèves si chères que les millionnaires du dimanche n’iront pas pleurer sous la pluie.

Yves Konsbruck

 AUDIO: Déi Franséisch Dictée. »



                                                      Das Musikfestival (Musik-Festival)  

Ob irgendjemandem aufgefallen ist, dass sich gestern Abend eine Koryphäe der Musikwissenschaft hier aufgehalten hat, muss sich zusehends jedermann fragen. Musikgenießer, zumeist ältere, waren fürs erste schuld an dem einsetzenden Stakkato trippelnder Füße und dem frenetischen Applaus bei dem entzückendsten Menuett, das indes für Außenstehende ohne Kenntnis wiederum zu viel Dezibel an akustischem Volumen bedeutete. Der 42-jährige Komponist hatte auch diesmal die heißen Rhythmen verspürt, die er am besten beherrscht und welche im Allgemeinen den großen Einfluss auf seine Groupies widerspiegeln. Diese singen zurzeit a cappella und flanieren des Öfteren über den roten Teppich, wobei sie sich für diese Akkordarbeit eine Medaille erhoffen. Es ist zum Totlachen, wenn die anderen im Folgenden versuchen auf extraschönen Xylofonen (Xylophonen) hastig zusammengestellte Symphonien (Sinfonien) wiederzugeben.

Roland Schumacher

 AUDIO: Déi Däitsch Dictée. »


                                                                     Musek

Mir ginn den Owend bei de Musek, soten d’Leit fréier, wa(nn) se d’Kiermes erausgaange sinn. A wann den Harmonikasjang och all zweeten Toun op senger Quetsch gequëtscht huet, da war dat den Dänzer quiitschegal. Vun der Hutschel mat der Butschel bis bei de Feierwon war alles Danzmusek.

Haut ass de Museksmaart strukturéiert, an e gëtt an dräi Kategorien opgedeelt : E-Musek, U-Musek an F-Musek.

E-Musek nennt sech déi eescht Musek, oder déi Musek, déi wëllt eescht geholl ginn. Dat kënne mëttelalterlech, barock, klassesch, modern oder zäitgenëssesch Wierker sinn. An esouguer wann déi Welturopféierung sténklangweileg ass, dann duerf een nach net am Concert houschten oder mam Kamellepabeier knëspelen.

D’U-Musek verdréit dat. Do duerf een iwwer(t) engem Dräi-Minutte-Song och emol laachen, an et kann een sech derbäi ënnerhalen. Virausgesat, dee Sound ass net esou haart, datt engem d’Ouere vum Kapp fléien.

Ënner F-Musek fält alles, wat mer äis Dag fir Dag eranzéien, ouni äis bewosst ze sinn, wat esou e Klangteppech iwwerhaapt an eisem Gehir bewierkt. Am Supermaart, op der Braderie, an den Umooss(k)cabinnen oder am Lift, mir kommen deem Geduddels néierens méi aus de Féiss.

An eréischt wann een de Stecker erauszitt, da vermësst een déi Musek, déi net méi do ass. Et huet ee(n) se déi ganzen Zäit héieren, ouni se ze lauschteren.

Jemp Schuster

 AUDIO: Déi Lëtzebuerger Dictée. »


MUSEKSDICTÉE

 AUDIO: Déi Däitsch Museksdictée. »


1. Daitsch

Hier kommt Alex
Freude schöner Götterfunken (Beethoven 9. Symphonie / Europahymne)
Mit 66 Jahren
99 Luftballons
In München steht ein Hofbräuhaus
La Le Lu
Gute Zeiten, schlechte Zeiten

 AUDIO: Déi Franséisch Museksdictée. »


2. Français Bolero (Ravel)
Ah! Le petit vin blanc
Comme d'habitude
Petit Papa Noël
Ah vous dirai-je maman
Les feuilles mortes

 AUDIO: Déi Lëtzebuerger Museksdictée. »


3. Lëtzebuergesch Et wor emol ee Kanonéier
Sou fräi
Manila
Oweslidd
Zwou Bulle Mokka
An Amerika
Haemelmaus