RTL-Dictée 2016Gesamtgewënner vun der 21. Editioun gëtt den Alain Wagner

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg erëm déi grouss Dictée zu Walfer.

21. Editioun vun der grousser RTL Dictée (20.11.2016)
Den RTL huet rëm d'Leit dozou opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d'Prouf ze stellen. Ronn 180 Leit, dorënner och eng ganz Rei bekannt Gesiichter, wore dobäi.


Gewënner an den 3 Sproochen

1. Alain Wagner 5 Feeler

2. Christiane Huberty 11 Feeler

2. Dany Leyder 11 Feeler

 

Gewënner am Lëtzebuergeschen

1. Dany Leyder 3 Feeler

2. Alain Wagner 4 Feeler

3. Anne Olinger 5 Feeler

3. Jean Weiss 5 Feeler

 

Gewënner am Däitschen

1. Alain Wagner 1 Feeler

2. Christiane Huberty 4 Feeler

2. Jerry Kreins 4 Feeler

 

Gewënner am Franséischen

1. Christiane Huberty 0 Feeler

1. Alain Wagner 0 Feeler

3. Anne Olinger 2 Feeler

3. Dany Leyder 2 Feeler



Scho fir déi 21. Kéier huet den RTL d'Leit dozou opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d'Prouf ze stellen. Ronn 180 Leit, dorënner och eng ganz Rei bekannt Gesiichter, hunn e Sonnden de Moie versicht, sou mann wéi méiglech Feeler an deenen 3 Diktater ze schreiwen. Wéi ëmmer hu sech d'Auteure vun den Diktater e puer besonnesch schwéier Begrëffer afale gelooss, déi op den éischte Bléck vläicht harmlos eriwwer kommen, awer guer net sou evident fir ze schreiwen sinn: wéi z.B. "vijenzeg" am lëtzebuergeschen oder "Sisyphusarbeit" an "potentats " am däitschen, respektiv am franséischen.

De ganze Reportage gesitt Dir den Owend am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

RTL Dictée 2016 / Reportage: Patrick Greis

Dir hutt matgeschriwwen a wëllt Är Feeler elo verbesseren?
Hei sinn d'Texter vun deenen 3 Diktater!

Dat Lëtzebuergescht Diktat

RTL Dictée op Lëtzebuergesch


Wéi vill E-Mailen an SMSe sinn an de leschte Woche verschéckt ginn, well jidderee/jiddereen säi Pefferkär an där Sproochendebatt wollt bäileeën.

Déi Petitionnairë mengen, all déi wichteg administrativ Texter missten op Lëtzebuergesch iwwersat ginn. Dobäi ass dat scho laang geschitt.

Mir mussen äis/eis net mat komplizéierten Tournurë kristillegen, well Google huet äis/eis déi Aarbecht ofgeholl. Hei sinn e puer Artikelen aus der Lëtzebuerger Konstitutioun, googleméisseg iwwersat.

Artikel 21.

Le mariage civil devra toujours précéder la bénédiction nuptiale.

Biergerkrich-Hochzäit (Biergerkrichhochzäit) soll ëmmer marschéiert Prënzenhochzäitbenedictioun (Prënzenhochzäit-Benedictioun).

Artikel 49.

La justice est rendue au nom du Grand-Duc par les cours et tribunaux.

D´Justiz gëtt duerch d’Geriichter am Numm vum Grand-Duc Verlobung.

Artikel 69.

L’arrestation d’un député pendant la durée de la session est, sauf le cas de flagrant délit, soumise à l’autorisation préalable de la Chambre.

Den Arrêt vun engem Jumelage fir d’Dauer vun der Sëtzung, ausser am Fall vu flagrante delicto, ënnerläit d’Welpenautorisatioun vun der Chamber.

Artikel 82.

La Chambre a le droit d’accuser les membres du Gouvernement.

De Sall huet d’Recht fir Member vun der Regierung ze kalbliddeg.

Déijéineg/Déijeeneg, déi sech un deene vaguë Begrëffer stéieren, déi fannen, dat wier dach grujeleg an dat géif néirewou hiféieren, et géing éischter hannerzeg ewéi vijenzeg, déi kënne mer tréischten: ´t ass e Work in Progress/work in progress. Déi googlistesch Sproochmatesse murkse vu méindes mueres bis freides owes, fir alles ze translaten, a wann/wa se fäerdeg sinn, da steet eis Mammesprooch op der Weltkaart, och wann da keen/kee se méi erëmerkennt.

(Déi Textpassagen déi kursiv geschriwwe sinn, ginn net diktéiert)

Jemp Schuster

Diktat: Kollektiver Totschlag

RTL-Dictée 2016 (Däitsch)


Wie lange kann sich zurzeit noch jemand aussagekräftigen Hobbys im digitalen Bereich widersetzen? Welche algorithmischen Dysfunktionen man auf einmal tolerieren und welcher bidirektionalen Schlüsseltechnologien der technischen Hieroglyphenpuzzles (Hieroglyphen-Puzzles) sich jeder Zweite bedienen muss, um dieses Digitalisat als barrierefreien Prozess des Bewusstseinsstroms auf dem Laptop zu erschließen, bleibt ungewiss. Das ist aber bloß eine bestplatzierte Attrappe der herausragendsten Sisyphusarbeit (Sisyphus-Arbeit), quasi ein kohärentes Resümee (Résumé) mit vielen Ingredienzien aus der Privatsphäre, das uns zartbesaiteten (zart besaiteten) Dilettanten ein Bündnis von Mensch und Maschine weismachen will. Es ist sehr exzeptionell von uns, dies aus dem Stegreif vorbeizuleiten, ohne uns allzu viel damit auseinanderzusetzen, denn es dreht sich in dieser Welt von klein auf um ein und dasselbe. Hier müsste ein persönlicher, wenn auch naiver Kompromiss vonstattengehen, aber schon dessen redundante Symptome lassen einen im Voraus dumm dastehen.

Roland Schumacher

Dictée

RTL Dictée op franséisch


Jadis,  certains aventuriers ont compris qu’au-delà du monde connu, il y avait à découvrir des territoires promettant renommée, puissance et richesse à ceux qui réussiraient à les conquérir, à exploiter leurs ressources et à en mater les indigènes. Les Christophe Colomb et Magellan se sont fait embaucher par des potentats attirés par leurs visions jugées fantasques et disposant des fonds nécessaires.

Actuellement, l’humanité jette son dévolu sur des cibles situées en dehors de notre planète. En manque de métaux rares, il s’agit notamment de se réapprovisionner sur les astéroïdes, ouvrant ainsi la voie à une nouvelle dimension économique et une expansion de l’humanité dans l’espace.

Qu’un pays exigu comme le Luxembourg eût décidé de s’embarquer dans ce projet utopique, surprit. Est-ce une fanfaronnade qui coûtera à pure perte des sommes pharaoniques aux contribuables ou cette chimère s’inscrit-elle dans la liste des rêves censés devenir réalité ?

Jean-Claude Frisch

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.