Vakanz zu LëtzebuergExplore Luxembourg - op der Place d'Armes

dese Freiden a Samschden

E gudde Rot mat dem LCTO, den  Offices Régionaux du Tourisme a Luxembourg Let’s make it happen.

Mir maache Vakanz hei zu Lëtzebuerg. Wat gëtt et do alles ze entdecken? Wéini sinn déi grouss Eventer?

D’Offices Régionaux du Tourisme, Luxembourg let’s make it happen zesumme mam Luxembourg City Tourist Office invitéieren Iech elo e Freiden an e Samschden op den „Explore Luxembourg“ op d’Place d’Armes.

Feiert och dir mat de Start an d’Touristesaison 2017, an entdeckt vill flott an nei touristesch Attraktiounen fir Famillen mat Kanner, Natur- a Sportbegeeschterter, Konscht- a Kulturamateuren, an dëst an enger 100 % lëtzebuergescher Ambiance.

Explore Luxembourg, mam Mini Grand-Duché op der Place d’Armes.

Dëse Freiden a Samschden vun 10 bis 6. Méi Informatiounen op www.lcto.lu.