D'Gemenge Munneref an Duelem invitéieren: Energy Day zu Munneref

D'Gemenge Munneref an Duelem invitéieren Iech dëse Sonndeg op den Energy Dag ronderëm déi nei Gemeng zu Munneref.

Moies um 10 Auer geet et lass mat interessanten Theme ronderëm erneierbar Energien, Ëmwelt a Mobilitéit esou wéi enger Presentatioun vun der SuperDrécksKëscht iwwert déi vill Virdeeler vun der ECO BOX.

Fir de Fun suerge Bastel-Atelieren an ee grousse Spillgaart fir d’Kanner.

Verpasst och net d'Vizfest vun de Munnerefer Mais, de grousse Kanner-a Famillje Floumaart an déi offiziell Ouverture vun der 6. Nationaler Landesgrillmeeschterschaft.

Info op mondorf-les-bains.lu