Am Eifelpark zu GondorfOktoberfest mat mega Stëmmung

Reservéiert Iech déi zwee éischt Weekender am Oktober

Feiert mam Eifelpark zu Gondorf hiert ‘Originalt bayrescht Oktoberfest’ an der Sterndl Alm mat Stadl Flair.Datumer sinn den 5., 6, 12. an 13. Oktober.

Iech erwaart eng Hellewull un däftege Geriichter à la carte  an original Münchener Hofbräu Béier vum Faass nieft traditionellen Schnapszorten oder internationale Cocktailen.

Oktoberfestspiller wéi ‘Hau den Lukas’ sinn och mat derbäi an et geet all Kéiers um 8 Auer owes un.Fir de musikaleschen Encadrement suergt déi bayresch Oktoberfestband ‘Mandy und sei Friend’.

O zapft ies heescht et also de 5.,6.,12. an 13. Oktober am Eifelpark zu Gondorf..

Reservéiert séier ären Desch op www.sterndlalm.com.