Happy Birthday: RTL Radio Lëtzebuerg feiert seng 50 Joer

RTL Radio Lëtzebuerg feiert 50 Joer: Den 19. Oktober 1959, iwregens och e Méindeg, gëtt als Gebuertsdag vum Radiosprogramm vun RTL ugesin.

Viru 50 Joer hätt der Iech nach bis d' Mëttesstonn misse gedëllegen vir vun ärem Radio informéiert ze ginn.
Deemols sin d' Leit sech Moies fréi nach selwer iwwerlooss bliwwen, de Kanal 18 ass zou bliwwen bis Mëtteg, an éischt Informatioune gouf et ëm 12h45 mat der internationaler Revue vum Paul Leuck.

Den 19 Oktober 1959, iwregens och e Méindeg, gëtt als Gebuertsdag vun eisem Radiosprogramm ugesin.

Mee all deenen, déi elo mengen, mir géifen eis gär méi jonk maachen wéi mer wierklech sin, sief gesot,"Dir hudd Recht" - et ass scho laang virdru geübt ginn, vun 1924 un, beim François Anen an der Beaumontsgaass, an dat och zum Deel op Lëtzebuergesch.

Et huet awer bis 1959 gedauert bis et sérieux gouf, a mat der UKW Frequenz vun 92,5 Megahertz am Kanal 18 wor et du méiglech, deeglech Programmer op Letzebuergesch ze senden : an der Woch vu mëttes 12:00 bis zwou; a vun Owes halwer 7 bis 10. Sonndes wor d' Primetime vu Moies 10 bis Owes 10 - riicht duerch.

Et wor eng Zäit, wéi gemaach fir de Radio, Telefon hat nach net jidfereen, d' Télé ass een alt an d' Wirtschaft kucke gaang oder bäi een, dee sech dat scho konnt leeschten, mee de Radio wor quasi zougänglech fir jidereen.

Et koum derbäi, dass d'Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinne fir d' éischt an hirer Sprooch informéiert goufen. A genee dat wor de Grondsteen fum Erfolleg vum UKW, dem 92,5 oder RTL Radio Lëtzebuerg, vun haut.

Den Nic Weber, Chefredakter fum UKW vun der 1. Stonn hat an enger Analyse deemols geschriwwen:

"D' Apathie an d' Middegkeet vun dësem virsiichtege Vollék sollt mat Hëllef vun deem Radiosprogramm iwerwonne ginn an de Radio muss derzou dengen, d'Fënstern no baussen op ze maachen. Radio Lëtzebuerg huet gewëss seng national Missioun, awer seng Haaptaufgab misst doran bestoen fir d' Barrièren ewech ze raumen, déi bannescht an déi baussen."

Op dat eis an de leschte 50 Joer gegléckt ass, sief mol dohi gestallt, ma een, dee mat dësem Radiosprogramm opgewues ass, an och weider nolauschtert, an dem UKW wëll félicitéieren ass de Premier, Jean-Claude Juncker.

 AUDIO: De Jean-Claude Juncker iwwer 50 Joer RTL »



 AUDIO: De Roby Rauchs, fréiere Chefredakter vun RTL »


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.