Editus - Hei an Elo 19.11.2018 Wéi déi kal Wanterméint iwwerstoen ?

Ob Schnapp, Angine, oder Gripp, am Wanter erkaalt ee sech immens séier. Mä wéi kann ee sech do virdru schützen an och an der Wanterzäit a Form bleiwen?

Editus Hei an Elo 15.01.2018
...

               

Editus.lu huet elo 6 Tipps fir iech!

Tipp 1: Wann Dir e schwaacht Immunsystem hutt, da vermeit am beschten den direkte Kontakt mat kranke Leit, fir esou de Mikroben aus dem Wee ze goen an dot Iech och ëmmer waarm genuch un.

Tipp 2: Gitt reegelméisseg virun d'Dier. Och wann de Risiko besteet sech z'erkalen, frësch Loft ass wichteg, besonnesch well d'Mikrobe sech haaptsächlech banne sammelen. Duerfir denkt och drun, all Dag ze lëften an net ze vill ze hëtzen.

Tipp 3: Loosst Är Heizunge vu qualifizéiertem Personal kontrolléieren. Et ass wichteg dass et ëmmer waarm genuch ass. Déi perfekt Zëmmertemperatur läit bei 19 Grad an am Buedzëmmer bei 22 Grad.

Tipp 4: Och d'Hygiène ass immens wichteg. Wäscht Är Hänn esou oft ewéi méiglech a besuergt Iech e klengen Desinfizéier-Gel fir ënnerwee. Benotzt beim schnäize léiwer Nuesschnappecher aus Pabeier amplaz aus Stoff.

Tipp 5: Opgepasst mam Alkohol. Wann Dir e klenge Schnapp hutt, ass de Grog net onbedéngt déi bescht Léisung, duerfir drénkt léiwer en Téi, oder waarmt Waasser mat Hunneg an Zitroun.

Tipp 6: Och gesond Iessen a Sport spillen eng Roll. Iesst vill Uebst a Geméis a beweegt Iech, och wann et just e klengen Trëppeltuer ass.


Op Editus.lu fannt dir 850 Heizungsinstallateuren, 389 Sportsraimlechkeeten, 237 Apdikte ma och 2258 Doktere, bei deenen dir direkt iwwer editus.lu Rendez-vous huele kënnt.

A wann et Iech u Vitamin D feelt, wéi wier et da mat engem klengen Ausfluch an d'Sonn ? Bucht Är Vakanz mat 321 Reesagencen op editus.lu.

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat Dir maacht!

Fannt eis online oder via App

Editus Hei an Elo 15.01.2018
...